Quand les idées prennent forme: Kreativitéit als Schlësselkompetenz fir eng lieweg Participatiounskultur

Session du 22/10/2026 au 22/10/2026

S'inscrire
IFEN/Kannermusée Plomm
Identifiant Agence
MENJE
Certificat
Cette formation délivre un certificat de participation
Statut
0 %
Ouverte
50 places restantes sur 50
Date de début
22/10/2026
Date de fin
22/10/2026
Type de formation
Formation standard
Langue
Luxembourgeois
Formateurs
Kannermusée Plomm

Mise à jour session

Cette conférence est organisée par l'IFEN et le Kannermusée Plomm. Pour l'inscription, vous serez redirigé vers la page de l'IFEN. Vous accédez au formulaire d'inscription en bas de page.

Pourquoi vous inscrire ?

Contexte

Am Kannermusée PLOMM versti mir Kreativitéit als eng Schlësselkompetenz fir eng lieweg Participatiounskultur: als d’Fäegkeet, sech eppes Neies virstellen ze kënnen, Gewinntes ze hannerfroen, Perspektiven ze wiesselen an zesumme Léisungen ze entwéckelen. Kanner bréngen dës Kreativitéit op natierlechem Wee matt. D’Konferenz wëll dofir ënnersichen, wat mir als Erwuessener mussen en place setzen, wa mir Kanner net nëmmen als Persounen, déi bedeelegt musse ginn, mee als kreativ Partner mat eegenen Kompetenzen a Perspektiven wouerhuelen an fërderen wëllen.

D’Bedeelegung vu Kanner ass dobäi net nëmmen eng Fro vu guddem Wëllen oder eng Méiglechkeet, Kanner "méi matmaachen“ ze loossen. Si ass eng Chance, eis eegen Erwuessenen-Perspektiven ze erweideren an aner Iddien, Froen a Léisungsweeër an eis Entwécklungsprozesser anzebréngen. Kanner als aktiv Matgestalter eescht ze huelen, bedeit also och unzëerkennen, datt hir Perspektiven a Kreativitéit en eegene Wäert an e konkrete Mehrwäert fir eis Gemeinschaft an eis Gesellschaft hunn.

Ausgangspunkt vum Owend ass de Co-Kréatioun vum PLOMM-Café, dee gemeinsam mat Kanner an d’Architektin Sara De.Gouy entwéckelt gouf. Vun dësem konkrete Beispill aus gi méi breet Froen diskutéiert: Wat ënnerscheet Consultatioun, Participatioun, Matbestëmmung a Co-Créatioun? A wéi eng Haltung, Methoden a Kaderbedéngunge brauche Professioneller an Institutiounen, fir Kanner sënnvoll an nohalteg an Entwécklungsprozesser anzebannen?

 

Objectifs

Wëssen

D’Participanten kennen:

·        d’Roll vun der Kreativitéit an der Participatiounskultur

·        d’Grondbegrëffer Consultatioun, Participatioun, Matbestëmmung a Co-Kréatioun

·        Beispiller aus der Praxis, besonnesch d’Co-Kréatioun.

Fäegkeeten

D’Participanten sinn an der Lag:

·        Kanner als kreativ Partner an Entwécklungsprozesser anzebannen

·        kreativ a kollaborativ Léisungsprozesser ze moderéieren – an Teams, Klassen oder Institutiounen

·        Kaderbedéngungen fir nohalteg Partizipatioun ze schafen.

Haltung

D’Participanten:

·        gesinn Kanner als aktiv Matgestalter mat engem eegene Wäert

·        si bereet, d’Erwuessenen-Perspektiv ze hannerfroen – an nei Iddien, Froen a Léisungsweeër vu Kanner als Bereicherung fir d’Gemeinschaft unzeerkennen.

 

Programme

18:00 – Accueil

  • Ukommen an informellen Austausch

18:30 – Offizielle Start

  • Begréissung
  • Aféierung an d’Thema
  • Moderatioun: Jeff Spielmann

18:40 – Co-Design am PLOMM

  • Projektioun vum Video iwwer de Co-Design-Prozess vum PLOMM-Café
  • Konkret Abléck an d’Zesummenaarbecht tëscht Kanner, Designer an Institutioun

18:50 – Impuls Talks

  • Bis zu dräi kuerz Experte-Virträg
  • Perspektiven aus Kannerpartizipatioun, Bildung, Design, Architektur a lokaler Praxis
  • Dauer: jeeweils ronn 10 Minutten

19:20 – Table ronde

  • Austausch tëscht de Speaker an invitéierten Experten
  • Diskussioun iwwer konkret Erfarungen, Chancen an Erausfuerderungen
  • Reflexioun iwwer d’Fro, wéi Co-Créatioun mat Kanner an der Praxis gestäerkt ka ginn

20:00 – Austausch mam Publikum

  • Méiglechkeet, Froen iwwer en digitalen Tool anzereechen
  • Diskussioun a Reflexioun mat de Participanten

20:30 – Ofschloss

  • Ofschléissend Impulser
  • Informellen Austausch bei engem Patt

Approche méthodologique

  • Presentatioun
  • Diskussioun
  • Austausch

 

Séances de la formation

  1. Séance du 22/10/2026 de 18:30 à 20:30

    Kannermusée Plomm