All Kand a Beweegung – Inklusiv Naturerfarungen
Session du 07/05/2026 au 08/05/2026
- Statut
- Réalisée
- Date de début
- 07/05/2026
- Date de fin
- 08/05/2026
- Type de formation
- Formation standard
- Langue
- Luxembourgeois
- Formateurs
- Thill Kina - "D'Passioun fir d'Aarbecht mat Leit, d'Bewegung an d'Natur zéie sech wéi e roude Fuedem duerch mäi Liewen. Als Educatrice graduée (Ofschloss 2014 zu Heidelberg) bréngen ech iwwert e Jorzéngt praktesch Erfarung mat – ënner anerem duerch meng 10 Joer als Responsabel vun engem Jugendhaus. Zënter Klengem u spillen ech passionéiert Basket, an zënter e puer Joer entdecken ech d'Welt och gären um Mountainbike. Dës Begeeschterung fir Sport an Natur verbannen ech gezilt mat menge Qualifikatiounen als Wildnispädagogin an Ernärungs- a Bewegungspädagogin. Ufank 2025 hunn ech de Schrëtt an d'Selbststännegkeet gewot an meng eege Firma gegrënnt. Hei bidden ech Aktivitéiten, Formatiounen a Workshopen fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener ronderëm d'Themen Natur a Bewegung un."
Pourquoi vous inscrire ?
Beschreibung:
Dës Formatioun riicht sech un d’pädagogescht Personal aus dem secteur enfance, dat interesséiert ass, Beweegung an der Natur op eng inklusiv Aart a Weis an den Alldag vun de Kanner anzebannen. Zesumme exploréiere mir, wéi natierlech Raim (Wisen, Bëscher, Gäert) e wäertvolle Raum bidden, fir Kanner a Beweegung ze bréngen – onofhängeg vun hirem Entwécklungsniveau oder hiren individuelle Besoinen. D’Participanten erliewen praxisno Aktivitéiten, déi flexibel adaptéierbar sinn a motivéiere fir Beweegung, Entdeckung, Zesummenhalt an Autonomie. Zentral Froe sinn:
- Wéi kann ech d’Natur esou gestalten, dass all Kand matmaache kann?
- Wéi reagéieren ech flexibel op motoresch oder sensoriell Bedierfnesser?
- Wéi fërderen ech inklusiv Beweegungsspiller mat einfache Mëttelen?
D’Formatioun bitt inspiréierend Methoden, Beispiller aus der Praxis an d’Geleeënheet, selwer Aktivitéiten am Grupp ze entdecken an ze reflektéieren. Zil ass et, Freed u Bewegung a Verbindung mat der Natur fir all Kand zougänglech ze maachen – duerch een oppene Bléck, Kreativitéit a pädagogesch Intuition.
Methoden:
- kleng Theorie-Phasen
- Gruppenaarbechten (Planung an Emsetzung vun enger kuerzer Aktivitéit)
- praktesch Emsetzung vu Spiller, Übungen a Methoden
- Gruppendiskussiounen/ Austausch
Ziele:
- Verstoen, wéi Natur a Beweegung eng wichteg Roll an der Entwécklung vu Kanner spillen.
- Gespier hu fir d’Bedierfnesser vu Kanner mat ënnerschiddleche Fäegkeeten am Kontext vuBewegung an Outdoor-Aktivitéiten.
- Iwwerleeunge maachen, wéi een natierlech Raim inklusiv notze kann.
- Konkret Methoden
Séances de la formation
-
Séance du 07/05/2026 de 09:00 à 13:00
-
Séance du 08/05/2026 de 09:00 à 13:00