Natur fir all Kand – inklusiv Entdeckungen am Fräien

Session du 23/04/2026 au 24/04/2026

S'inscrire
ELISABETH
Identifiant Agence
4721ce8c-f49e-495c-9e1f-f594e6f7c2f6
Certificat
Cette formation délivre un certificat de participation
Statut
5 %
Ouverte
19 places restantes sur 20
Date de début
23/04/2026
Date de fin
24/04/2026
Type de formation
Formation standard
Langue
Luxembourgeois
Formateurs
Thill Kina

Pourquoi vous inscrire ?

Beschreibung:


Dës Formatioun riicht sech u jiddereen deen interesséiert ass, Naturerfarungen an inklusiv Aktivitéiten an hirem Alldag ze verankeren. Zesumme gi mir op d’Fro an: Wéi ka Natur als inklusivt Léierfeld genotzt ginn, wou all Kand – onofhängeg vu senge Besoinen – seng Plaz fënnt? Mir kucken, wéi d’Natur mat hieren Entdeckungsméiglechkeeten op eng partizipativ an adaptéierbar Aart agesat ka ginn, fir Diversitéit ze respektéieren an Zesummenhalt ze fërderen. Et gi praktesch Beispiller a Methoden ugebueden, fir och Kanner mat spezifesche Besoinen an naturno Aktivitéiten aktiv ze integréieren – ob am Bësch, Gaart oder op der Spillplaz.
D’Formatioun léisst sech direkt an d’Praxis ëmsetzen a soll Motivatioun ginn, fir inklusiv Naturerfarungen als Ressource fir Wuelbefannen, Entwécklung a Gemeinsamkeet ze notzen.


Methoden:

  • kleng Theorie-Phasen
  • Gruppenaarbechten (Planung an Emsetzung vun enger kuerzer Aktivitéit)
  • Eenzelübungen
  • Praktesch Emsetzung vu Spiller, Übungen a Methoden
  • Gruppendiskussiounen/ Austausch


Ziele:

  • Sensibiliséierung fir d’Bedeitung vun der Natur fir d’Entwécklung vu Kanner (sensoresch, emotional, sozial, motoresch).
  • Verstoe vun Inklusioun am natierlechen Ëmfeld: Wéi kënne mir d’Natur fir all Kand zougänglech maachen?
  • Entwéckele vu konkreten Iddien a Methoden, déi och mat Kanner mat spezifesche Besoinen ëmsetzbar sinn.
  • Selbstreflexioun: Wat sinn eis eegen Hemmungen/Barrièren? Wéi kënne mir se iwwerwannen?
  • Ermutegung zur kreativer, niddregschwelleger Offer-Gestaltung mat lokale Mëttelen.


 

Séances de la formation

  1. Séance du 23/04/2026 de 09:00 à 13:00

    Centre écologique et touristique “Parc Housen", 12, Parc, L-9836, Housen, LU
  2. Séance du 24/04/2026 de 09:00 à 13:00

    Centre écologique et touristique “Parc Housen", 12, Parc, L-9836, Housen, LU