Schutz, Fërderung a Participatioun : D’Rechter vum Kand am Alldag liewen

Secteurs
Aide à l’enfance et à la famille
Education non formelle
Type de formation
Formation standard
Format de formation
Formation en présentiel
Domaine
Cadre légal et réglementaire
Catégorie
Non-spécifique
Durée
6.00 h
Publics cibles
Personnel encadrant socio-thérapeutique
Personnel encadrant socio-éducatif
Personnel dirigeant
Segment d'âge
Enfance
Jeunes et jeunes adultes
Familles
Langue
Luxembourgeois

Details

Voir les sessions
CROIX-ROUGE
Référence formation
AEF/CL-004-26

Certificat

Cette formation délivre un certificat de participation

Pädagogesch Zieler

Im Anschluss der Weiterbildung wird der*die Teilnehmer*in befähigt sein :   

  • Déi fundamental juristesch Texter identifizéieren, déi d’Promotioun, d’Sécherung an de Schutz vun de Kannerrechter encadréieren, notamment d’Kannerrechtskonventioun (KRK) an de lëtzebuergesche gesetzleche Kader.
  • Seng berufflech Verantwortung erkennen a passend Mëttel an Aktiounen ergräifen, wann eng Suergsituatioun virläit.
  • Déi wichtegst Institutiounen nennen an androen, déi am Kannerschutz zu Lëtzebuerg involvéiert sinn (ONE, DG AEF, OKAJU).
  • D’Relatioune tëschent de Begrëffer Schutz, Partizipatioun a Reklamatioun erklären am Kader vun engem Schutzkonzept (Schutzkonzept).
  • D’Kompetenze vun de Fachleit am AEF‑Secteur stäerken wat de gesetzleche Kader an d'Schutzkonzepter am Beräich vum Kannerschutz ugeet.



Beschreiwung vum Formatiounsprogramm

SÉANCE 1 – DE KONZEPTUELLEN A LEGALE KADER

Focus op d’Konventioun iwwert d’Rechter vum Kand (KRK) an op d’Roll vum OKAJU an aner Acteuren.

D’Rechter vum Kand

Themen :

  • Wat seet d’Konventioun iwwert d’Rechter vum Kand?
  • Analys vun e puer Schlësselartikelen, déi fir d’Acteure vum AEF‑Secteur relevant sinn.
  • D’Roll an d’Missioune vum OKAJU (Interventiounsberäicher).
  • D’Roll an d’Missioune vun aneren Acteuren (SMS, KJT, asw.) – hir Missioune ginn kuerz vum OKAJU virgestallt.
  • Presentatioun vu konkrete Fallbeispiller aus der praktescher Aarbecht vum OKAJU.

D’lëtzebuergesch Gesetzgebung am Beräich Jugendschutz – op dem Wee zu enger Approche, déi op d’Rechter vum Kand baséiert

Thematesch Voletter :

  • Aktuelle gesetzleche Kader :  Loi du 10 août 1992 relative à la protection de la jeunesse
    Och wann dëse gesetzleche Kader – besonnesch d’Gesetz vum 10. August 1992 – net all Prinzipien ofdeckt, déi an der KRK festgehale sinn, ass et wichteg, datt d’Professioneller am AEF‑Secteur eng proaktiv, kinderrechterbaséiert Approche verfollegen.
    Dat bedeit ë. a. :
    • d’Opmierksamkeet drop ze leeen, datt d’Rechter vum Kand respektéiert ginn,
    • datt d’Roll vum Kanderaffekot assuréiert ass,
    • datt Kanner a Jugendlecher aktiv mat abezunn ginn,
    • an datt eng konstruktiv a transparent Zesummenaarbecht mat den Eltere stattfënnt.

D’Reform vum Jugendschutz :

  • Projet de loi portant introduction d’un droit pénal et d’une procédure pénale pour mineurs (7991) ;
  • Projet de loi relatif aux droits des mineurs victimes et témoins dans le cadre de la procédure pé… (7992) ;
  • Projet de loi portant aide, soutien et protection aux mineurs, aux jeunes adultes et aux familles (7994).


SÉANCE 2 – DEN ALDAG VUN DEN KANNER, JONGE LEIT A PROFESSIONELLEN AN DE STRUKTUREN AEF

Promotioun, Erhale a Schutz vun de Rechter vum Kand

Wat dierf een… a wat muss een maachen?

Thematesch Voletter :

  • D’Rechter vum Kand am Alldag lieweg maachen : Participatioun, Privatsphär, Schutz géint all Forme vu Gewalt, Non‑Diskriminatioun, asw.
  • Seng gesetzlech Obligatiounen kennen a – wann néideg – entspriechend handelen (Opfaasspflicht, Meldung, Confidentalitéit).
  • Schutz, Participatioun a Reklamatioun :
    • D’Kand huet Recht op Schutz, mee och op Informatioun an op d’Wuert (inklusiv d’Recht net schwätze ze wëllen).
  • Meldung versus Confidentalitéit.
  • Safeguarding policies (besonnesch an ambulante Strukturen) an Schutzkonzepter (Aféierung 2026).



Methoden

  • D’Besoinen vun de Participanten identifizéieren 
  • D’Konzept­er an Erklärungen mat konkrete Beispiller illustréieren (z. B. wéi reagéiert een, wann e Kand engem e „Geheimnis“ am Vertrauen erzielt?)



Formateur(en)

OKAJU

Françoise Gillen

Flore Schank


Prochaines sessions de formations

  • CROIX-ROUGE-9445

    Statut
    Ouverte
    Agence
    CROIX-ROUGE LUXEMBOURGEOISE
    Secteur(s)
    Aide à l’enfance et à la famille
    Education non formelle
    Année
    2026
    Format
    Formation en présentiel
    Formateur(s)
    Flore Schank, Françoise GILLEN