Tabou.ge les jeunes: Drogen, Sex a Feieren
Session du 27/10/2026 au 10/11/2026
- Statut
- 0 %
- Ouverte
- 12 places restantes sur 12
- Date de début
- 27/10/2026
- Date de fin
- 10/11/2026
- Type de formation
- Formation standard
- Langue
- Luxembourgeois
- Formateurs
- Carlos Paulos
Pourquoi vous inscrire ?
Contenus
Wärend dëser kuerzer Formatioun, déi aus praktesche Grënn an 2 Deeler opgedeelt ass, kritt dir d'Mëttel an d'Kompetenzen, fir är Ekippen dofier ze sensibiliséieren, de Dialog mat Jonken opzemaachen - duerch eng oppen Kommunikatioun iwwert tabuiséiert Themen: de Konsum vu Drogen an d'Sexualitéit.
Et geet drëms, dem Ënnerscheed tëscht Gefor a Risiko nach eng Kéier kloer ze maachen, an ze léieren, wéi een e Kader schaaft, deen den Austausch fërdert, fir Jonker aus der Non Formeller Educatioun ze begleeden. Den zweeten Deel ass prakteschen Übunge gewidmet, fir Äeert Wëssen unzewenden.
Egal ob dir Expert sidd oder nach am Ufank stitt - dës Formatioun ass fir Iech geduecht!
Objectives
- Aféierung an d’Bildung ronderëm Fest- a Feierkultur
- De Bléck op déi Jonk veränneren, fir eng hallef-strukturéiert pedagogesch Begleedung ëmzesetzen
- D’Roll vum Educateur / vun der Educatrice nei (re)definéieren an d’Plaz vum Jonken / vun der Grupp vu Jonken an der net-formeller Bildung, souwéi Tabuen ofbauen (Drogenkonsum a Sexualitéit)
- Déi Jonk als aktiv Acteure vun hirer eegener Entwécklung stäerken
- Raim fir aktiv Participatioun schafen, déi de spezifesche Besoine vum / vun de Jonken entspriechen
- Eng Iwwersiicht ginn iwwer d’Mëttelen an d’pädagogesch Méiglechkeeten, fir Kompetenzen am Ëmgang mat Risike weiderzëentwéckelen: fräizäitleche Substanzkonsum, Sexualitéit a Consentement
Méthodes
- Sëtzung 1: Opbau vum edukativen a pedagogesche Kader. Déi Jonk an Ëmfeld vun der net-formeller Bildung begleeden.
- Sëtzung 2: Praktesch Übunge fir d’Theorien, déi behandelt ginn, ervirzehiewen.
Séances de la formation
-
Séance du 27/10/2026 de 09:00 à 11:00
-
Séance du 10/11/2026 de 09:00 à 11:00