Formatioun fir "d'Référent.e.s pédagogiques" fir d'méisproocheg Bildung
Session du 27/01/2026 au 22/04/2026
- Statut
- En cours
- Date de début
- 27/01/2026
- Date de fin
- 22/04/2026
- Type de formation
- Formation standard
- Langue
- Luxembourgeois
- Formateurs
- Kevin Simoes-Loureiro
- Valérie Kemp
Pourquoi vous inscrire ?
Pädagogesch Ziler
Laut Gesetz (Loi du 29 août 2017 portant modification de la loi modifiée du 4 juillet 2008 sur la Jeunesse) muss de Programm vun der méisproocheger Bildung an alle Crèchen ëmgesat ginn, déi mat Chèques-Service Accueil schaffen, a Kanner am Alter vun 1 bis 4 Joer betreien.
Déi méisproocheg Bildung ass näischt wat eemol fir Struktur festgeluecht an net méi geännert gëtt. Am Géigendeel, d’Ëmsetzung gëtt permanent un den Alldag vun de Kanner ugepasst. All Crèche muss dowéinst een oder eng “Référent.e pédagogique” bestëmmen, déi d’Ëmsetzung vun der méisproocheger Bildung am jeeweilege Service koordinéiert.
Am Kader vum Gesetz, bitt de Service National de la Jeunesse (SNJ) eng gratis Formatioun (30 Stonnen) an dësem Beräich un, fir nei “Référent.es pédagogiques” ze forméieren.
Beschreiwung vum Formatiounsprogramm
Programm fir eng méisproocheg Bildung
De Programm vun der méisproocheger Bildung (programme d’éducation plurilingue) an den ausserschoulesche Betreiungs- a Bildungsstrukture riicht sech un d’Kanner vun 1 bis 4 Joer. An deem Alter hunn d’Kanner déi beandrockend Fäegkeet, sech verschidde Sproochen op eng intuitiv an natierlech Aart a Weis unzeeegenen.
D’Zil vun der méisproocheger Bildung an der fréier Kandheet ass et d’Kanner op eng spilleresch an authentesch Aart a Weis bei der Entwécklung vun hiren individuelle méisproochege Ressourcen ze ënnerstëtzen. De Programm viséiert d’Loscht um Schwätzen an Interessi u verschiddene Sproochen erauszekëddelen. Ausserdeem geet et och ëm d’Erhéije vun der Chancëgläichheet an der Participatioun vun all de Kanner un eiser méisproocheger Gesellschaft.
De Programm vun der méisproocheger Bildung stëtzt sech op dräi Sailen:
I. D’Familiariséiere mam Lëtzebuergeschen a Franséischen, sou wéi och d’Valoriséiere vun de Familljesproochen
D’méisproocheg Bildung erméiglecht de Kanner sech vun Ufank un mat der lëtzebuergescher Sprooch ze familiariséieren. Parallel dozou begënschtegt de fréie Kontakt mat der franséischer Sprooch e méi natierlechen a spillereschen Zougang zu dëser Sprooch. D’Valoriséieren an d’aktiivt Matabezéie vun all de Kanner hire Familljesprooche spillen och eng wichteg Roll.
II. D’Bildungspartnerschaft mat de Famillen
D’méisproocheg Bildung stëtzt sech och op de Partenariat mat de Famillen. D’Crèchen ersetzen net d’Sproocherzéiung an de Famillen, si kënnen se awer ënnerstëtzen. Dowéinst ass et wichteg dass béid Parteien sech austauschen a matenee schaffen, fir koherent Weeër ze fannen, déi d’Entwécklung beim Kand fërderen.
III. D’Vernetzung op lokaler Ebene
Als drëtt Sail erméiglecht d’Vernetzung op lokaler Ebene de Kanner vu kleng un de Kontakt mat der alldeeglecher Méisproochegkeet an eiser Gesellschaft.
De Programm vun der méisproocheger Bildung ass fest an de Mesurë fir d’Qualitéitsentwécklung vum non-formale Bildungssecteur verankert.
MODULE - INHALTE
Modul 1 - Frühe mehrsprachige Bildung in Luxemburg - Einführung in das Rahmenprogramm
Einführung in das Programm der frühen mehrsprachigen Bildung; seine Zielsetzungen, Handlungsfelder und Herangehensweisen im Kontext der non-formalen Bildung; Legale Basis und Auftrag der pädagogischen Referent*innen
Modul 2 - Spracherwerb und Mehrsprachigkeit
Grundlagen des Spracherwerbs und der sprachlichen Entwicklung bei Kindern von 0 bis 4 Jahren unter besonderer Berücksichtigung der Mehrsprachigkeit; Rolle der Fachkräfte in diesem Prozess
Modul 3 - Mehrsprachige pädagogische Praktiken und Zusammenarbeiten mit weiteren Akteuren
Mehrsprachige pädagogische Ansätze und Strategien; video-gestützte Reflexion der eigenen Praxis; Bildungspartnerschaft mit Familien und Vernetzung mit anderen externen Partnern in der frühen mehrsprachigen Bildung
Modul 4 - Beobachtung und Dokumentation sprachlicher Praktiken
Prozess- und ressourcenorientierte Beobachtung und Dokumentation mehrsprachiger Situationen im Alltag; Auseinandersetzung mit verschiedenen Beobachtungsinstrumenten und Reflexion ihres Nutzens für die eigene sprachliche Bildungspraxis
Modul 5 - Durchgängige Weiterentwicklung und Evaluation der pädagogischen Praxis
Strategien zur Multiplikation im Team; Integration der frühen mehrsprachigen Bildung in das Gesamtkonzept und in den allgemeinen Prozess der Qualitätsentwicklung in der Einrichtung; dialogische Evaluation der pädagogischen Praxis
Methoden
- Bllended learning
- Diskussiounen a Gedankenaustausch
- Powerpoint - Präsentatioun
Virbedéngung
Zilgrupp: D’Formatioun riicht sech un d’Betreiungspersonal an de Strukturen fir Bildung a Betreiung (SEA), déi net-scholpflichtegt Kanner am Alter vu 1 bis 4 Joer betreien.
Umeldungskriterien: Educateuren an Educatricen mat engem Diplom am psychosozialen oder pedagogesche Beräich.
Zouloossungskriterien:
- D’Participante oder de Participant huet entweder eng berufflech Formatioun op mannst op dem Niveau vum Ofschloss vum Secondaire oder technesche Secondaire am psychosozialen, pedagogeschen oder sozialpedagogesche Beräich, déi vum Minister mat der zoustänneger Kompetenz am Beräich vun der nationaler Bildung unerkannt ass, oder en Héichschoulstudium, deen duerch de Minister mat der Kompetenz fir Héichschoulbildung unerkannt ass.
- D’Participante oder de Participant ass Member vum Betreiungspersonal. D’Leedungspersonal kann d’Roll vum pedagogesche Referent oder vun der pedagogescher Referentin iwwerhuelen, wann am Aarbechtskontrakt kloer festgehale gëtt, datt d’Persoun op mannst 20 Stonnen d’Woch als Betreiungspersonal agestallt ass.
Formateur(en)
Modul 1: Kevin Simooes Lourîro
Modul 2: Valérie Kemp
Modul 3: Valérie Kemp
Modul 4: Valérie Kemp
Modul 5: Valérie Kemp
Séances de la formation
-
Séance du 27/01/2026 de 09:00 à 13:00
-
Séance du 03/02/2026 de 10:00 à 12:00
-
Séance du 25/02/2026 de 09:00 à 12:00
-
Séance du 25/02/2026 de 13:00 à 16:00
-
Séance du 04/03/2026 de 09:00 à 12:00
-
Séance du 04/03/2026 de 13:00 à 16:00
-
Séance du 19/03/2026 de 09:00 à 12:00
-
Séance du 19/03/2026 de 13:00 à 16:00
-
Séance du 22/04/2026 de 09:00 à 12:00
-
Séance du 22/04/2026 de 13:00 à 16:00