Let’s Talk about Sex – Verhütung

Session du 17/11/2026 au 17/11/2026

S'inscrire
FEDAS
Identifiant Agence
FEDAS-9522
Certificat
Cette formation délivre un certificat de participation
Statut
80 %
Ouverte
1 places restantes sur 5
Date de début
17/11/2026
Date de fin
17/11/2026
Type de formation
Formation standard
Langue
Luxembourgeois
Formateurs
Planning Familial ASBL
Sandy Lorente
Joyce ITTENBACH

Pourquoi vous inscrire ?

Firwat sech aschreiwen?

Schafft Dir mat Jonker a hutt Froen iwwer déi "richteg" Method fir d’Jonker iwwer d’sexuell an affektiv Gesondheet opzeklären oder hir Froen ze beäntwerten? Maacht mat bei eis Formatiounen, déi verschidden Themen am Zesummenhang mat sexueller an affektiver Gesondheet traitéieren, wéi Anatomie a Verhütung, Gender, IST, Präventioun a vill méi. Des Formatiounen mat Expert’en zu ënnerschiddlechen Themen, erméiglechen Iech, richteg Alliéiert fir d’Jonker ze ginn.

 

Dës Formatioun ass eng Aféierung an d'Benotzung vun engem Guide, deen a Kapitelen opgedeelt ass am Zesummenhang mat sexueller an affektiver Gesondheet an beschäftegt sech mam Kapitel 3 vum Guide "Let's Talk about Sex" zum Thema Verhütung.

D'Participant’en kréien Informatiounen iwwer verschidde Verhütungsmethoden, hir Wierkungsmechanismen, hir Effizienz a wéi se benotzt ginn. D'Pille no der Gebuert, d'Ofdreiwung an d'Präventioun vun IST ginn och thematiséiert. D'Haaptzil vun dëser Formatioun ass et, Fachkräfte, déi mat Jonkerschaffen, mat dem Wëssen an de Fäegkeeten auszestatten, fir op Froen iwwer Verhütung äntwerten ze kennen.

 

Animéiert vun den Auteur·innen vum Projet an Expert·innen an dësen Themen, erlaben Iech dës Formatiounen, richteg Alliéierte fir Är Jugendlecher ze ginn. Wieder Informatiounen iwwer de projet „Let’s Talk about Sex!“ fannt Dir ënner dësem Link : https://cesas.lu/accueil/projets/lets-talk-about-sex/


No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag

D'Participanten:

  • verstinn, wat Verhütungsmëttel sinn
  • kennen erklären, wat riskant Verhalen am Fall vun enger Schwangerschaft ass
  • kennen déi biologesch Erklärung hannert riskantem Verhalen am Fall vun enger Schwangerschaft beschreiwen
  • déi verschidde Kategorien vu Verhütungsmëttel op Basis vun hirer Wirkung an Effizient opzielen.

Kompetenzen :

D'Participanten kënnen:

  • déi verschidde Moossnamen erklären, déi am Fall vun engem Accident, verpasster Verhütungsmëttelbenotzung oder ongewollter Schwangerschaft getraff solle ginn
  • kennen de gesetzleche Kader fir Mannerjäreger erklären, déi Zougang zu Servicer vu engem Planning familial wenschen (fir Verhütungsmëttel, Rezepter, medizinesch vertraulech, etc. ze kréien)
  • verstinn hir Grenzen a kennen Situatiounen erkennen, an deenen eng Orientéierung un spezialiséiert Fachkräfte néideg ass.

Fäegkeeten

  • D'Participanten ginn encouragéiert, driwwer nozedenken, wéi se Jonker zu dësem Thema informéiere kënnen an ënnerstëtzen.


Methoden a Programm

  • PowerPoint-Presentatioun
  • Gruppendiskussioun
  • Interaktiv Aktivitéiten
  • Interaktiven Questionnaire

Séances de la formation

  1. Séance du 17/11/2026 de 13:00 à 17:00

    Planning Familial asbl 6 rue de la Fonderie Luxembourg L-1531