Let’s Talk about Sex! Sexuell Rechter a Gewalt
Session du 15/04/2026 au 15/04/2026
- Statut
- 0 %
- Ouverte
- 5 places restantes sur 5
- Date de début
- 15/04/2026
- Date de fin
- 15/04/2026
- Type de formation
- Formation standard
- Langue
- Luxembourgeois
- Formateurs
- Oxygène de Femmes en détresse asbl
- Julie Da Fonseca
Pourquoi vous inscrire ?
Eng Formatioun a Collaboratioun mat
CESAS a Service Oxygène, Femmes en détresse asbl
Firwat sech aschreiwen?
Dir schafft mat jonke Leit an Dir wëllt wëssen, wéi ee sexuell Bildung sënnvoll an attraktiv gestalte kann andeems een d’Froe vun de Jonken opgraift. Da besicht eis Formatioune vun Expert‘en zu verschiddenen Theme vun der affektiver a sexueller Gesondheet: Pubertéit an Anatomie, Verhütung, Diversitéit, IST, Medien a Sexualitéit, Sexuell Rechter a Gewalt a méi. Dës Formatioun ass eng Aféierung fir d'Benotzung vum Guide Let's Talk about Sex!. Si ëmfaasst allgemeng Informatioune iwwert d’affektiv a sexuell Gesondheet souwéi méi spezifesch Inhalter aus dem Kapitel 5 vum Guide, wat sech mat sexuelle Rechter a Gewalt beschäftegt. Fir sech dem Thema vun der sexualiséierter Gewalt unzehuelen, ass et wichteg d'Mechanisme vun der Gewalt, d'Strategië vun den Täter.innen an d'Konsequenze fir déi Betraffen ze verstoen. Mir diskutéieren iwwer d‘Sensibiliséierung vun de Jonken zum Thema Konsens an zu de Forme vu sexuellem Mëssbrauch; mir schwätzen och doriwwer, wéi wichteg et ass, sech ze offenbaren, wann et zu engem Iwwergrëff kënnt. hFir déi Professionell op dës spezifesch Preventiounsthemen ze preparéieren, wäerte mir och op hier berufflech Haltung agoen. Dës Formatioun soll si doran ënnerstëtzen, de Jugendlechen ob hier Froen iwwer sexuell Rechter a Gewalt ze äntweren. Animéiert vun den Auteur·innen vum Projet an Expert·innen op dësen ënnerschiddleche Beräicher, erlaben Iech dës Formatiounen, wierklech Alliéierte fir Är Jonker ze ginn. Weider Informatiounen zum LTAS-Projet an d'Formatioun fannt Dir um follgenden Link: https://cesas.lu/accueil/projets/lets-talk-about-sex/
Methoden a Programm
- Présentation Power Point
- Gruppendiskussioun
- interaktiv Übungen
No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag
D’Participant’e kréien en Abléck an :
- d‘sexuell Rechter an den Aspekt vum Konsens;
- den Ënnerscheed tëscht gesonden an ongesonde Bezéiungen;
- déi verschidde Forme vu sexualiséierter Gewalt.
Wëssen :
D’Participant’en si kapabel :
- sexuelle Mëssbrauch an engem sécheren a vertrauensvolle Kader ze beschwätzen;
- Forme vu sexualiséierter Gewalt, hir Mechanismen an d’Täterstrategien ze erkennen;
- hir eege Limite ze identifizéieren;
- de legale Kader besser ze verstoen
- Betraffener ze informéieren an Netzwierkaarbecht ze leeschten
Séances de la formation
-
Séance du 15/04/2026 de 09:00 à 13:00