Kamishibai als Bréck zur Méisproochegkeet - Erzielen, Verstoen, Deelhuelen
Session du 25/06/2027 au 25/06/2027
- Statut
- 25 %
- Ouverte
- 9 places restantes sur 12
- Date de début
- 25/06/2027
- Date de fin
- 25/06/2027
- Type de formation
- Formation standard
- Langue
- Luxembourgeois
- Formateurs
- Julie OSWALD
Pourquoi vous inscrire ?
Firwat sollt Dir Iech aschreiwen?
An dëser Formatioun entdecken d`Participanten d`Methode vum Kamishibai, dat traditionellt japanescht Bildtheater, an erliewen, wéi et als wäertvollt Instrument fir d`Sproochefërderung a fir d`Ënnerstëtzung vun der Méisproochegkeet agesat ka ginn.
Unhand vu praktesche Beispiller léieren d`Fachleit:
- wéi Biller a Geschichten als "Bréck" tëscht verschidde Sprooche funktionéieren,
- wéi ee Schlësselwierder an zwou oder méi Sproochen aféiert,
- wéi ee Kanner mat hirer Mammesprooch aktiv an den Erzielprozess abënnt,
- wéi Gesten, Reimer a Lidder de Sproocherwerb ënnerstëtzen.
D`Participanten erliewen d`Geschicht am Kamishibai selwer an zwou Sproochen, reflektéieren iwwer d`Erfarung a kreéieren an enger klenger Wierkstaat hir eege kuerz Geschicht.
Wéi gëtt an dëser Formatioun nohalteg geléiert a wéi gëtt den Transfer an d'Praxis ënnerstëtzt?
- Présentatioun
- Gruppenarbecht
- Austausch
- Ureegungen an ausprobéieren vun Matérial
No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag:
Zil ass et, datt all Participant mat konkrete Praxisimpulser, Material- an Iddienräichtum an engem neie Bléck op Méisproochegkeet an den Alldag zeréckgeet.
- Verstoe léieren, wat Kamishibai ass an wéi et als pedagogescht Instrument agesat ka ginn.
- Erkennen, wéi Biller a Geschichten de Sproocherwerb an d’Méisproochegkeet ënnerstëtzen.
- Kennen léieren, wéi een Erzielen a verschidde Sproochen integréiere kann (z. B. Schlësselwierder duebel nennen, zweesproocheg Geschichten, Kanner aktiv abannen).
- Selwer ausprobéieren, eng kuerz Kamishibai-Sequenz mat méi Sproochen opzebauen a virzedroen.
- Iwwerleeën, wéi dës Method am eegene Beruffsalltag agesat ka ginn.
- Inspiration a Materialtipps mat an d’Hand kréien, fir Méisproochegkeet am Alldag méi lieweg ze maachen.
OSWALD Julie
Educactrice, Gérante
Eisleker Haus Sàrl
Séances de la formation
-
Séance du 25/06/2027 de 09:00 à 12:00
-
Séance du 25/06/2027 de 13:00 à 16:00