Mat Kanner an d'Gespréich kommen ass keng Hexerei: Kreativ a konkret Methoden fir d'Kommunikatioun am Alldaag vun der Maison Relais ze stäerken
Session du 15/11/2027 au 15/11/2027
- Statut
- 0 %
- Ouverte
- 18 places restantes sur 18
- Date de début
- 15/11/2027
- Date de fin
- 15/11/2027
- Type de formation
- Formation standard
- Langue
- Luxembourgeois
- Formateurs
- PLOMM - Wolf Clara - Educatrice Graduée/Assistante Sociale (B.A.), Universitéit Lëtzebuerg Formatrice & Prozessbegleedung rënderëm d‘ Thema Kannerbedeelegung Beruffserfarung: säit iwwer 10 Joer am Sekteur vun der nonformaler Bildung (Leedung vun enger SEA-Strukur, Konzeptioun a Berodung am Beräich vun der Formatioun Continue), wéi och wärend 2 Joer an der Jugend- a Familljen-Hëllef.
Pourquoi vous inscrire ?
Beschreibung:
Kommunikatioun ass de Schlëssel fir Bezéiung, Vertrauen a Bedeelegung. Wa Kanner sech eescht geholl a verstane fillen, entwéckele si de Courage, hir Meenungen, Wënsch an Iddien anzebréngen. Gläichzäiteg stellt den Alldag Fachkräfte dacks virun d'Erausfuerderung, mat Kanner a Kontakt ze kommen, déi sech net direkt verbal ausdrécken oder net spontan d'Gespréich sichen.
Dës Formatioun setzt sech mat der eegener dialogescher Haltung auserneen a vermëttelt kreativ, spilleresch a praktesch Methoden, déi Kanner dozou invitéieren, sech matzedeelen. D'Participante léieren verschidde Kommunikatiounsformen kennen a probéieren dës direkt aus.
Methoden:
- kuerz fachlech Impulser
- Selbstreflexioun zur eegener Haltung a Kommunikatioun
- praktescht Ausprobéiere vu Kommunikatiounsmethoden
- Austausch iwwer Praxiserfarungen
- Analyse vu konkrete Situatiounen aus dem Alldag
- Sammlung vu Methoden an Instrumenter fir den direkte Praxistransfer
Ziele:
- d'Bedeitung vun Dialog an aktivem Nolauschteren fir d'pädagogesch Praxis kennen
- d’ eege Kommunikatiounshaltung reflektéieren
- verschidde kreativ Kommunikatiounsmethoden kennen an uwenden
- Kanner am Alldag beim Ausdrécke vun hire Gedanken, Gefiller an Iddie begleeden ze kennen
- Kommunikatioun als Grondlag fir Bezéiung a Bedeelegung bewosst notzen
Séances de la formation
-
Séance du 15/11/2027 de 09:00 à 12:00