Tipps an Tricks fir méi Kannerbedeelegung am Alldag vun der Crèche

Secteurs
Education non formelle
Type de formation
Formation standard
Format de formation
Formation en présentiel
Domaine
Valeurs, participation et démocratie
Catégorie
Non-spécifique
Durée
3.00 h
Publics cibles
Personnel encadrant
Segment d'âge
Petite enfance
Langue
Luxembourgeois

Details

Voir les sessions
ELISABETH
Référence formation
EJ/VA-038-27
Organisateur
ELISABETH

Certificat

Cette formation délivre un certificat de participation

Beschreibung:

Dacks sinn et net déi grouss Projeten, mee kleng Verännerungen am Alldag, déi e groussen Ënnerscheed fir d'Wuelbefannen an d'Bedeelegung vun de Kanner maachen. Wéi kënnen d'Kanner méi matentscheeden a matgestalten? Wéi kënnen Alldagsmomenter esou gestalt ginn, dass si méi Selbstwierksamkeet, Selbststännegkeet a Bedeelegung erlaben?

Mat sengem Peer-to-peer-Format "Kaffispaus" sammelt de Kompetenzlabo Plomm konkret Erfarungen a Bonnes pratiques aus den SEA-Strukturen zu Lëtzebuerg. An dëser Formatioun ginn ausgewielten Iddien, Tipps an Tricks aus der Praxis virgestallt an diskutéiert. De Fokus läit op einfache, realistesch ëmsetzbare Verännerungen, déi sech direkt an den Alldag integréiere loossen.

Methoden:

  • Presentatioun vu Praxisbeispiller a Bonnes pratiques aus de "Kaffispausen"
  • Erfarungsaustausch tëscht de Participanten
  • Reflexioun vun der eegener Praxis
  • Analyse vun Alldagssituatiounen
  • Sammlung a Weiderentwécklung vun konkreten Handlungsiddien
  • Peer-to-peer-Léieren a kollegial Berodung

Ziele:

  • kleng a grouss Bedeelegungsméiglechkeeten am Alldag erkennen
  • konkret Praxisiddien fir méi Kannerbedeelegung kennen an evaluéieren
  • den Impakt vu klengen Ännerungen op d'Wuelbefannen an d'Selbstwierksamkeet vun de Kanner reflektéieren
  • Inspiratiounen aus aneren Ariichtungen op den eegene Kontext iwwerdroen
  • eege konkret Schrëtt definéieren, fir d'Bedeelegung vun de Kanner am Alldag ze stäerken.

Prochaines sessions de formations

  • EF-2027-10105

    Statut
    Ouverte
    Agence
    ELISABETH
    Secteur(s)
    Education non formelle
    Année
    2027
    Format
    Formation en présentiel
    Formateur(s)
    PLOMM - Haslbauer Julia