FORMIDA: Material trëfft Emotiounen - Leem als kreatiivt Ausdrocksmëttel
Session du 07/10/2027 au 07/10/2027
- Statut
- 33 %
- Ouverte
- 8 places restantes sur 12
- Date de début
- 07/10/2027
- Date de fin
- 07/10/2027
- Type de formation
- Formation standard
- Langue
- Luxembourgeois
- Formateurs
- Nedzada BUKVIC
Pourquoi vous inscrire ?
Firwat sollt Dir Iech aschreiwen?
Zesummen tauche mir an déi faszinéierend Welt vum Leem an. Ewech vum Leeschtungsdrock a mei no u Selbsterfarung, Kreativitéit a Staunen. Mir entdecken, wei duerch Ausprobéiere Gedold, Ausdrockskraaft a Forschergeescht entwéckelt ginn. Mat Reschtmaterialie als Stempel, Verbindung oder Experimenteiergeschier, erweidert sech d'Schaffe mam Leem- spilleresch, kreativ a ressourcëschounend.
Eng praxisno Formatioun, déi Alldag a Fantasie beräichert
Wichteg: Dës Formatioun riicht sech u Mataarbechter, déi mat Kanner vun 4 bis 12 Joer schaffen.
Wéi gëtt an dëser Formatioun nohalteg geléiert a wéi gëtt den Transfer an d'Praxis ënnerstëtzt?
D’Formatioun verbënnt praktescht Erfuerschen, eegen Erfarungen a fachlechen Austausch. D’Participanten probéieren Leem a verschidde Reschtmaterialien aus a erliewen d’Aktivitéiten aus der Perspektiv vum Kand. Am Austausch gëtt dei eegen Haltung zum kreative Prozess reflektéiert: Am Mëttelpunkt steet net e fäerdegt Resultat, mee d’Entdecken, Experimentéieren an d’Entwécklung vum Kand. Konkret Iddien ënnerstëtzen den Transfer an de pädagogeschen Alldag.
No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag:
- Leem als kreatiivt a pädagogescht Medium am Arbeschtsalldag mat de Kanner anzesetzen
- Reschtmaterialien geziilt als Gestaltungselementer am Leem anzesetzen
- Net alleng de fäerdege Produit an de Mëttelpunkt ze stellen, mee d'Léierprozesser vum Kand unzereegen an ze beobachten
- Leemreschter sënnvoll opzebereeden an esou nohalteg ze schaffen
Bréngt w.e.g. Folgendes mat op d'Formatioun:
Beim Schaffe mam Leem dierf een och mol sabbelen – bréng am Beschten en ale T-Shirt oder e Kittel mat.
Noo dëser Formatioun kënnt Dir vun den Offeren am formida echange, zB Materialien mathuelen, profitéieren. Bréngt gären e puer Tuuten oder Behälter mat, fir d'Materialien ze transportéieren.
BUKVIC Nedzada
Éducatrice diplômée
Arcus Asbl
Séances de la formation
-
Séance du 07/10/2027 de 08:30 à 12:00
-
Séance du 07/10/2027 de 12:30 à 16:00