Kommunikatioun, Vertrauen, zesumme wuessen - Grondlagen vun enger gelengender Teamaarbecht (5h)
- Secteurs
- Education non formelle
- Type de formation
- Formation standard
- Format de formation
- Formation en présentiel
- Domaine
- Approches et méthodologies pédagogiques
- Catégorie
- Non-spécifique
- Durée
- 5.00 h
- Publics cibles
- Personnel encadrant
- Personnel dirigeant
- Segment d'âge
- Petite enfance
- Enfants scolarisés
- Jeunesse
- Langue
- Luxembourgeois
Beschreiwung:
Eng gutt Zesummenaarbecht an engem pädagogeschen Team ass d’Grondlag fir e positivt Aarbechtsklima an domat och fir en wäertvollen an ausgeglachene berufflechen Alldag souwéi fir qualitativ héichwäerteg pädagogesch Offere fir Kanner a Jugendlecher. Ouni eng Atmosphär vu géigesäiteger Unerkennung ass et schwéier, eng entspriechend Atmosphär am Kontakt mat de Kanner a Jugendlechen ze schafen. Mëssverständnesser, Stress, Konflikter asw. sinn dacks d’Folleg vun engem Manktem u Kommunikatioun a Vertrauen an engem (pädagogeschen) Team.
Besonnesch um Ufank vun enger Zesummenaarbecht, zum Beispill wann nei Teams gegrënnt ginn, nei Teammemberen dobäikommen oder bestoend Teams respektiv Institutioune fusionéieren, ass et ëmsou méi wichteg, datt déi eenzel Memberen sech géigesäiteg besser kenneléieren, de néidege Raum hunn, fir hir eege Roll ze klären, an éischt Konflikter op eng konstruktiv Aart a Weis ze léisen.
Eng gemeinsaam Formatioun mat fuerdernden, erliefnispädagogesche Kooperatiounsaufgaben an gemeinsame Reflexioune kann dozou bäidroen, de wichtege Fundamentsteen fir eng zukünfteg, konstruktiv Zesummenaarbecht ze leeën. Mee och etabléiert Teams mat laangjäereger gemeinsamer Erfarung kënnen dovu profitéieren, sech an engem neie Kader ze begéinen an esou Neies iwwer sech selwer an iwwer aner „altbekannt“ Teammemberen ze entdecken.
Des Formatioun fir pädagogescht Personal ënnerstëtzt d’perséinlech Weiderentwécklung, stellt eng Beräicherung fir den alldeegleche pädagogeschen Aarbechtsalltag duer an huet um Enn och en Afloss op d’Qualitéit vun der geleeschter pädagogescher Aarbecht. Gläichzäiteg kënnen d’Inhalter an déi dohannertstoend erliefnispädagogesch Haltung och am eegene Beruffsalltag agesat ginn, fir am Kader vum pädagogeschen Alldaag déi sozial Kompetenze vu Kanner a Jugendlecher ze fërderen.
Zilsetzung an ze erwerbende Kompetenzen:
- Sozial- a Selbstkompetenze vun den Participant*innen weiderentwéckelen
- Kommunikativ Fäegkeete fërderen
- Grondlage vum konstruktive Feedback kenneléieren
- Vertrauen am pädagogeschen Team stäerken
- D’Zesummenaarbecht verbesseren