Formatioun fir Formateuren (fir den Animateur Brevet A ; B ; C ; D ; E ; F)

Session du 17/10/2026 au 17/10/2026

S'inscrire
SNJ Mariendall
Identifiant Agence
SNJ-023
Certificat
Cette formation délivre un certificat de participation
Statut
0 %
Ouverte
15 places restantes sur 15
Date de début
17/10/2026
Date de fin
17/10/2026
Type de formation
Formation standard
Langue
Luxembourgeois
Formateurs
MELMER Sarah - M.A. Soziale Arbeit - Educatrice graduée (+ Brevet F)

Mise à jour session

Berücksichtegt w.e.g. datt d'Umeldung net iwwer MyGuichet geet, wéi bei den übleche Formatiounen.

Pourquoi vous inscrire ?

Inhalt an Zieler:

Dës Formatioun huet als Zil, zukünfteg Formateuren auszebilden, déi d’ Formatioun fir d‘ Animateure Brevet A, B, C, D, E, F an hirer Struktur wëllen halen.

  • De Brevet d’Animateur A gëtt deene Jonken d’ Méiglechkeet, Animateur A ze ginn, fir Gruppe vu Kanner a Jugendlecher bei deeglechen Aktivitéiten ouni Iwwernuechtung ze encadréieren, datt heescht Fräizäitaktivitéiten an de Schoulvakanzen an enger Maison Relais, Gemeng oder Maison de jeunes.
  • De Brevet d’Animateur B gëtt deene Jonken d’ Méiglechkeet, als Animateur B ze schaffen, fir Gruppe vu Kanner a Jugendlecher bei Aktivitéite mat Iwwernuechtung ze encadréieren, wéi zum Beispill op nationale wéi och internationale “Campen” oder Kolonien.
  • De Brevet d’Animateur C gëtt deene Jonken d’ Méiglechkeet, Animateur C ze ginn, fir Gruppe vu Kanner a Jugendlecher bei Aktivitéite mat Iwwernuechtung ze encadréieren, dat heescht op nationale wéi och internationale “Campen” oder Kolonien.
  • De Brevet d’Animateur D gëtt deene Jonken d’ Méiglechkeet, Animateur mat enger Spezialisatioun fir eng spezifesch Aktivitéit ze ginn.
  • De Brevet d’Animateur E gëtt deene Jonken d’ Méiglechkeet, Camp Chef ze ginn.
  • De Brevet d’Animateur F gëtt deene Jonken d’ Méiglechkeet, Formateur ze ginn, déi Formatioune fir d’Animateuren halen.

D’Zil vun der Formatioun ass, d’ Kenntnisser an der non formaler Bildung ze verdéiwen, Methoden a Technike vun der Animatioun an der Moderatioun kennen ze léieren an d’ Kompetenzen ze entwéckelen, fir Formatioune fir jonk Leit ze konzipéieren an duerchzeféieren.

Kompetenzen déi wärend der Formatioun entwéckelt ginn :

  • Kenntnisser am Beräich vun der non formaler Bildung
  • Methoden a Kompetenzen an der Moderatioun an Animatioun
  • Methoden a Kompetenze fir d’ Kreatioun vu Formatioune fir jonk Leit
  • D’ Modalitéiten an d’ Konditioune vun de verschiddene Breveten als Animateur verstoen

Methoden:

  • Interaktiv Gruppenaarbechten
  • Verschidden Moderatiouns- a Presentatiounstechniken:
    • Visualisatioun
    • Analog & digital
    • Praktesch Beispiller
    • Literatur Beispiller
    • Pädagogesch / Erliefnes pädagogesch Theorien

Séances de la formation

  1. Séance du 17/10/2026 de 09:00 à 12:00

    Centre de Jeunesse Marienthal - Rue de Keispelt L-7411 Marienthal
  2. Séance du 17/10/2026 de 13:00 à 18:00

    Centre de Jeunesse Marienthal - Rue de Keispelt L-7411 Marienthal