Modul A: Basisformatioun fir nei Jugendaarbechter

Secteurs
Education non formelle
Type de formation
Formation standard
Format de formation
Formation en présentiel
Domaine
Approches et méthodologies pédagogiques
Catégorie
Non-spécifique
Durée
21 h
Publics cibles
Personnel encadrant
Segment d'âge
Jeunesse
Langue
Luxembourgeois

Details

Voir les sessions
SNJ
Référence formation
EJ/AP-270-26
Organisateur
SNJ

Certificat

Cette formation délivre un certificat de participation

Mise à jour formation

Berücksichtegt w.e.g. datt d'Umeldung net iwwert MyGuichet geet, wéi bei den übleche Formatiounen. De genaue Programm gëtt Iech spéitstens ee Mount virum Ufank vun der Formatioun matgedeelt.

Em wat geet et an der Formatioun?

D’Basisformatioun Module A riicht sech u pädagogescht Personal, dat nei am Jugendsecteur aktiv ass, a vermëttelt déi wichtegst Grondlage fir d’pädagogesch Aarbecht.

D’Formatioun bitt en Iwwerbléck iwwer dat, wat de Jugendsecteur ausmécht: wéi an dësem Beräich geschafft gëtt a wéi eng Wäerter d’Aarbecht droen. Nieft der Oppenheet a Flexibilitéit, déi am Alldag vun der Praxis gefrot sinn, gëtt d’Wichtegkeet vun engem kloer definéierte Kader am Jugendsecteur ervirgehuewen.

Nieft dem Opbau vu fachlechem Wësse gëtt besonnesche Wäert op den Austausch tëscht de Participante souwéi op d’Kenneléiere vu verschiddene Jugendservicer an hiren Offere geluecht.

De Module A: D‘Basisformatioun fir nei Jugendaarbechter 2026 fënnt vun Dënschdes, de 16.06 bis Donneschdes den 18.06. statt. Dës dräi Formatiounsdeeg sinn am Kader vum Dispositif vun der Formation continue unerkannt.

Den detailléierte Programm mat de genauen Auerzäite gëtt Iech spéitstens ee Mount virum Ufank vun der Formatioun zougeschéckt.

Bei Froen zur Inscriptioun kënnt dir un secretariat@snj.lu schreiwen, fir all aner Fro w.e.g. un jean-claude.pellin@snj.lu oder, cheryl.conrardy@snj.lu.

Inhalter

  • De Jugendsecteur: Charakteristiken, Wäerter a Missiounen
  • Kaderbedéngungen am Jugendsecteur: gesetzleche, politeschen a konventionelle Kader
  • Bild vum Jonken & Grondlage vun der non formaler Bildung
  • Roll vum Pädagog & Haltung
  • Richtlinne fir d’Aarbecht an de verschiddenen Typpe vu Jugendservicer
  • Qualitéit am Beräich vun der non-formaler Bildung 

Ziler

  • E Basiswëssen iwwer de Jugendsecteur a senger Gesamtheet ze hunn
  • Déi verschidde Kaderen am Jugendsecteur ze kennen
  • D’pädagogesch Approche an d‘Methoden an der non formaler Bildung ze verstoen an am Alldag unzewenden
  • Déi eege Missioune vum Jugendservice ze kennen
  • Zu enger verstäerkter Kooperatioun am Jugendsecteur bäizedroen

Kompetenzen, déi entwéckelt ginn

  • Déi eege berufflech Praxis an enger globaler Visioun vum Jugendsecteur ze gesinn
  • Wäerter a Grondlage vun der non-formaler Bildung gezielt unzewenden
  • Offeren am Aklang mat den Ziler vum betreffenden Jugendservice ze plangen, ëmzesetzen an ze evaluéieren
  • Qualitéitsprinzipien am Alldag ze integréieren
  • Aktiv zur Vernetzung an zum Praxisaustausch bäizedroen

Methoden

  • PowerPoint-Presentatioun
  • Reflexioun am Grupp an individuell
  • Gruppenaarbecht
  • Vernetzung

Prochaines sessions pour les formations

  • SNJ-024
    Statut
    Ouverte
    Agence
    MENJE
    Secteur(s)
    Education non formelle
    Année
    2026
    Format
    Formation en présentiel
    Formateur(s)
    SNJ Agenten an aner Intervenanten