Raus an d’Natur - Jonker motivéieren

Secteurs
Education non formelle
Type de formation
Formation standard
Format de formation
Formation en présentiel
Domaine
Mouvement, Conscience corporelle et santé
Catégorie
Non-spécifique
Durée
7.00 h
Publics cibles
Personnel encadrant
Segment d'âge
Jeunesse
Langue
Luxembourgeois

Details

Voir les sessions
ELISABETH
Référence formation
EJ/MO-019-26
Organisateur
ELISABETH

Certificat

Cette formation délivre un certificat de participation

Beschreibung:


Dës Formatioun riicht sech un d’edukativt Personal aus dem Jugendsecteur, dat no kreative Weeër sicht, fir Jugendlecher fir Natur- a Beweegungsaktivitéiten ze begeeschteren. Zesumme gi mir op d’Fro an: Wéi kréie mir déi Jonk motivéiert, fir aktiv un Outdoor-Aktivitéiten deelzehuelen? Nieft praktesche Beispiller an Iddien, wéi een den Outdoor-Bereich attraktiv gestalte kann, geet et och ëm de positive Wierkungskrees vun Natur a Beweegung op d’kierperlech a mental Gesondheet. D’Participanten entdecken Methoden, déi sech am Alldag ëmsetze loossen, fir eng aktiv an naturno Offer am Jugendarbecht ze fërderen. Anhand vu ganz ville prakteschen Übungen, kréien d’Participanten Ideeen fir Aktivitéiten mat hiere Jonken. Ee weidere wichtege Volet vun der Formatioun ass d’Vernetzung an den Austausch vun de Participanten.


Methoden:

  • kuerz theoretesch Impulser
  • Gruppenaarbechten
  • praktesch Emsetzung (dobaussen um Terrain)
  • Outdoor Kachen
  • Selbstreflexioun (Eenzelübungen)
  • Gruppendiskussiounen/ Austausch

 

Ziele:

  • De positiven Afloss vun der Natur an der Beweegung verstoe, spieren a kënne weiderginn
  • Methoden kennen an uwende kënnen, déi déi Jonk nobaussen zitt
  • intrinsesch Motivatioun fir Naturaktivitéiten entdecken
  • Aktivitéite kënnen de Participanten upassen (Alter, Erfarung, Interessi)
  • Risiken vun der Natur kennen an d’Aktivitéit a Sécherheet duerchféieren
  • D’Natur schätzen a respektéieren

 

Prochaines sessions de formations

  • 3d9d5539-e125-4fd9-ad28-99c15a67ac64

    Statut
    Ouverte
    Agence
    ELISABETH
    Secteur(s)
    Education non formelle
    Année
    2026
    Format
    Formation en présentiel
    Formateur(s)
    Thill Kina