Raus an d’Natur - Jonker motivéieren

Session du 18/03/2026 au 18/03/2026

ELISABETH
Identifiant Agence
3d9d5539-e125-4fd9-ad28-99c15a67ac64
Certificat
Cette formation délivre un certificat de participation
Statut
Réalisée
Date de début
18/03/2026
Date de fin
18/03/2026
Type de formation
Formation standard
Langue
Luxembourgeois
Formateurs
Thill Kina - "D'Passioun fir d'Aarbecht mat Leit, d'Bewegung an d'Natur zéie sech wéi e roude Fuedem duerch mäi Liewen. Als Educatrice graduée (Ofschloss 2014 zu Heidelberg) bréngen ech iwwert e Jorzéngt praktesch Erfarung mat – ënner anerem duerch meng 10 Joer als Responsabel vun engem Jugendhaus. Zënter Klengem u spillen ech passionéiert Basket, an zënter e puer Joer entdecken ech d'Welt och gären um Mountainbike. Dës Begeeschterung fir Sport an Natur verbannen ech gezilt mat menge Qualifikatiounen als Wildnispädagogin an Ernärungs- a Bewegungspädagogin. Ufank 2025 hunn ech de Schrëtt an d'Selbststännegkeet gewot an meng eege Firma gegrënnt. Hei bidden ech Aktivitéiten, Formatiounen a Workshopen fir Kanner, Jugendlecher an Erwuessener ronderëm d'Themen Natur a Bewegung un."

Pourquoi vous inscrire ?

Beschreibung:


Dës Formatioun riicht sech un d’edukativt Personal aus dem Jugendsecteur, dat no kreative Weeër sicht, fir Jugendlecher fir Natur- a Beweegungsaktivitéiten ze begeeschteren. Zesumme gi mir op d’Fro an: Wéi kréie mir déi Jonk motivéiert, fir aktiv un Outdoor-Aktivitéiten deelzehuelen? Nieft praktesche Beispiller an Iddien, wéi een den Outdoor-Bereich attraktiv gestalte kann, geet et och ëm de positive Wierkungskrees vun Natur a Beweegung op d’kierperlech a mental Gesondheet. D’Participanten entdecken Methoden, déi sech am Alldag ëmsetze loossen, fir eng aktiv an naturno Offer am Jugendarbecht ze fërderen. Anhand vu ganz ville prakteschen Übungen, kréien d’Participanten Ideeen fir Aktivitéiten mat hiere Jonken. Ee weidere wichtege Volet vun der Formatioun ass d’Vernetzung an den Austausch vun de Participanten.


Methoden:

  • kuerz theoretesch Impulser
  • Gruppenaarbechten
  • praktesch Emsetzung (dobaussen um Terrain)
  • Outdoor Kachen
  • Selbstreflexioun (Eenzelübungen)
  • Gruppendiskussiounen/ Austausch

 

Ziele:

  • De positiven Afloss vun der Natur an der Beweegung verstoe, spieren a kënne weiderginn
  • Methoden kennen an uwende kënnen, déi déi Jonk nobaussen zitt
  • intrinsesch Motivatioun fir Naturaktivitéiten entdecken
  • Aktivitéite kënnen de Participanten upassen (Alter, Erfarung, Interessi)
  • Risiken vun der Natur kennen an d’Aktivitéit a Sécherheet duerchféieren
  • D’Natur schätzen a respektéieren

 

Séances de la formation

  1. Séance du 18/03/2026 de 09:00 à 16:30

    Centre écologique et touristique “Parc Housen", 12, Parc, L-9836, Housen, LU