Let’s Talk about Sex - De Mënsch als sexuellt Wiesen – Sexuell, kierperlech a genderbezunnen Diversitéit

Secteurs
Education non formelle
Aide à l’enfance et à la famille
Type de formation
Formation standard
Format de formation
Formation en présentiel
Domaine
Développement de l'enfant et du jeune
Catégorie
Non-spécifique
Durée
4.00 h
Publics cibles
Personnel encadrant
Segment d'âge
Jeunesse
Enfants scolarisés
Langue
Luxembourgeois

Details

Voir les sessions
FEDAS
Référence formation
EJ/DE-070-26

Certificat

Cette formation délivre un certificat de participation

Firwat sech aschreiwen?

Dir schafft mat jonke Leit an Dir wëllt wëssen, wéi ee sexuell Bildung sënnvoll an attraktiv gestalte kann andeems een d’Froe vun de Jonken opgraift. Da besicht eis Formatioune vun Expert‘en zu verschiddenen Theme vun der affektiver a sexueller Gesondheet: Pubertéit an Anatomie, Verhütung, Diversitéit, IST, Medien a Sexualitéit, Sexuell Rechter a Gewalt a méi.

Dës Formatioun ass eng Aféierung fir d'Benotzung vum Guide Let's Talk about Sex!. Si ëmfaasst allgemeng Informatiounen iwwert d’affektiv a sexuell Gesondheet souwéi méi spezifesch Inhalter aus dem Kapitel 1, dat ënner anerem op kierperlech Diversitéiten, sexuell Orientéierungen an Genderdiversitéit ageet.

No engem Iwwerbléck iwwer déi verschidde Geschlechtsidentitéiten, Geschlechtsausdréck, sexuell Orientéierungen an de Begrëff vum „bei der Gebuert zougewisent Geschlecht“, wäerte mir kucken, wéi dës Realitéiten an d‘affektiv a sexuell Bildung integréiert kënne ginn. Dës Formatioun huet als Haaptzil, de Professionellen, déi mat Jonke schaffen, ze vermëttelen, wat a wéi si op Froen am Zesummenhang mat LGBTIQ+-Themen äntwere kënnen oder – wann néideg – weider verweisen.

Animéiert vun den Auteur·innen vum Projet an Expert·innen op dësen ënnerschiddleche Beräicher, erlaben Iech dës Formatiounen, wierklech Alliéierte fir Är Jonker ze ginn. Weider Informatiounen zum Projet „Let’s Talk about Sex!“ an d'Formatioun fannt Dir um folgende Link:  https://cesas.lu/accueil/projets/lets-talk-about-sex/


No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag

  • d’Geschlechtsidentitéit, de Geschlechtsausdrock, d’sexuell Orientéierung an dat zougewisen / biologescht Geschlecht ze verstoen an dës Begrëffer vuneneen ze ënnerscheeden.
  • den Tool „Genderbread“ virzestellen.
  • de Prozess vum Coming-out ze verstoen.
  • Verhalensweisen z’erkennen, déi fir LGBTI+-Persounen als „verletzend“ empfonnt kënne ginn, souwéi LGBTI-frëndlech Gesten an Attitüden ze benennen.
  • op d’Besoine vun LGBTIQ+-Kanner a Jugendlecher anzegoen (Onwuelbefannen, Schwieregkeeten, asw.).
  • Är eege Grenzen ze kennen a Situatiounen z’erkennen, an deenen et noutwenneg ass, op spezialiséiert Professioneller weiderzeleeden.


Methoden a Programm

  • Theoretesch Inputs
  • Froestellungen
  • Aktiv an erfarungsorientéiert Methoden :
  • praktesch Fallstudien aus dem Beruffsalldag
  • Simulatiounen, Spiller
  • Interaktive Froebou 

Prochaines sessions de formations

  • FEDAS-9526

    Statut
    Ouverte
    Agence
    FEDAS LUXEMBOURG
    Secteur(s)
    Education non formelle
    Aide à l’enfance et à la famille
    Année
    2026
    Format
    Formation en présentiel
    Formateur(s)
    Lucie Stolwijk ,Centre LGBTIQ + CIGALE ASBL