Let’s Talk about Sex - De Mënsch als sexuellt Wiesen – Sexuell, kierperlech a genderbezunnen Diversitéit
Session du 26/10/2026 au 26/10/2026
- Statut
- 80 %
- Ouverte
- 1 places restantes sur 5
- Date de début
- 26/10/2026
- Date de fin
- 26/10/2026
- Type de formation
- Formation standard
- Langue
- Luxembourgeois
- Formateurs
- Lucie Stolwijk
- Centre LGBTIQ + CIGALE ASBL
Pourquoi vous inscrire ?
Firwat sech aschreiwen?
Dir schafft mat jonke Leit an Dir wëllt wëssen, wéi ee sexuell Bildung sënnvoll an attraktiv gestalte kann andeems een d’Froe vun de Jonken opgraift. Da besicht eis Formatioune vun Expert‘en zu verschiddenen Theme vun der affektiver a sexueller Gesondheet: Pubertéit an Anatomie, Verhütung, Diversitéit, IST, Medien a Sexualitéit, Sexuell Rechter a Gewalt a méi.
Dës Formatioun ass eng Aféierung fir d'Benotzung vum Guide Let's Talk about Sex!. Si ëmfaasst allgemeng Informatiounen iwwert d’affektiv a sexuell Gesondheet souwéi méi spezifesch Inhalter aus dem Kapitel 1, dat ënner anerem op kierperlech Diversitéiten, sexuell Orientéierungen an Genderdiversitéit ageet.
No engem Iwwerbléck iwwer déi verschidde Geschlechtsidentitéiten, Geschlechtsausdréck, sexuell Orientéierungen an de Begrëff vum „bei der Gebuert zougewisent Geschlecht“, wäerte mir kucken, wéi dës Realitéiten an d‘affektiv a sexuell Bildung integréiert kënne ginn. Dës Formatioun huet als Haaptzil, de Professionellen, déi mat Jonke schaffen, ze vermëttelen, wat a wéi si op Froen am Zesummenhang mat LGBTIQ+-Themen äntwere kënnen oder – wann néideg – weider verweisen.
Animéiert vun den Auteur·innen vum Projet an Expert·innen op dësen ënnerschiddleche Beräicher, erlaben Iech dës Formatiounen, wierklech Alliéierte fir Är Jonker ze ginn. Weider Informatiounen zum Projet „Let’s Talk about Sex!“ an d'Formatioun fannt Dir um folgende Link: https://cesas.lu/accueil/projets/lets-talk-about-sex/
No dëser Formatioun sidd Dir an der Lag
- d’Geschlechtsidentitéit, de Geschlechtsausdrock, d’sexuell Orientéierung an dat zougewisen / biologescht Geschlecht ze verstoen an dës Begrëffer vuneneen ze ënnerscheeden.
- den Tool „Genderbread“ virzestellen.
- de Prozess vum Coming-out ze verstoen.
- Verhalensweisen z’erkennen, déi fir LGBTI+-Persounen als „verletzend“ empfonnt kënne ginn, souwéi LGBTI-frëndlech Gesten an Attitüden ze benennen.
- op d’Besoine vun LGBTIQ+-Kanner a Jugendlecher anzegoen (Onwuelbefannen, Schwieregkeeten, asw.).
- Är eege Grenzen ze kennen a Situatiounen z’erkennen, an deenen et noutwenneg ass, op spezialiséiert Professioneller weiderzeleeden.
Methoden a Programm
- Theoretesch Inputs
- Froestellungen
- Aktiv an erfarungsorientéiert Methoden :
- praktesch Fallstudien aus dem Beruffsalldag
- Simulatiounen, Spiller
- Interaktive Froebou
Séances de la formation
-
Séance du 26/10/2026 de 13:00 à 17:00