Kannerbedeelegung? Jo! Awer wéi?
- Secteurs
- Education non formelle
- Type de formation
- Formation standard
- Format de formation
- Formation en présentiel
- Domaine
- Approches et méthodologies pédagogiques
- Catégorie
- Non-spécifique
- Durée
- 4.00 h
- Publics cibles
- Personnel encadrant
- Personnel dirigeant
- Segment d'âge
- Enfants scolarisés
- Petite enfance
- Langue
- Luxembourgeois
Inhalt
Kannerbedeelegung ass méi wéi eng pädagogesch Method – et ass eng Haltung, déi sech duerch déi ganz Struktur zitt. Wann Kanner am Alldag wierklech matgestalte sollen, brauch et Fachleit, déi d'Thema matdroen, weiderdenken an an hirer Ariichtung lieweg halen.
Dës Initiatiounsformatioun riicht sech un all Interesséiert aus der Crèche an der Maison Relais, déi d'Thema Kannerbedeelegung an hirer Ariichtung wëlle promovéieren an éischt konkret Schrëtt an déi Richtung goe wëllen. D'Participantë kréien en éischten Abléck an déi zentral Grondgedanke vun der Kannerbedeelegung a reflektéieren, wéi si selwer dozou bäidroe kënnen, dass Participatioun am Alldag an an der pädagogescher Praxis verankert gëtt.
Am Mëttelpunkt steet d'Fro, wat et brauch, fir d'Thema an der eegener Ariichtung unzestoussen: Wéi kann ech Kolleeginnen a Kolleege fir d'Thema begeeschteren an dobäi mat huelen? Wéi eng Roll spillt meng eegen Haltung? Wéi kann ech als Impulsgeber wierken? A wéi kann ech mat den typeschen Erausfuerderungen ëmgoen, déi mat engem Verännerungsprozess verbonne sinn?
D'Formatioun soll virun allem Loscht op d'Thema maachen, éischt Orientéierung bidden an Impulser ginn, fir sech weider mat Kannerbedeelegung auserneenzesetzen. Si kann och en éischte Schrëtt sinn, fir sech méi spéit eventuell als référent pédagogique am Beräich Participatioun weiderzebilden an ze engagéieren.
Dëst Evenement enthält och eng pädagogesch Visitt am PLOMM Kannermusée.
Ziler
- d'Grondiddi an d'Bedeitung vu Kannerbedeelegung fir d'Qualitéit vun der Ariichtung ze verstoen
- hir eege Roll als Impulsgeber am Kontext vu Bedeelegung ze reflektéieren
- méiglech Erfolgsfaktoren an Erausfuerderunge bei der Aféierung vu Kannerbedeelegung ze erkennen
- Iddien z‘entwéckelen, fir Kolleeginnen a Kolleege fir d'Thema ze sensibiliséieren an ze motivéieren
- éischt Schrëtt ze definéieren, fir d'Thema an hirer Ariichtung ze lancéieren
- weider Ressourcen a Formatiounsméiglechkeete kennen ze léieren
- Interessi z‘entwéckelen, sech eventuell méi déif mat der Thematik auserneenzesetzen an eng Roll als référent pédagogique fir Participatioun unzestriewen
Methoden
- Visitt an Abezéiung vum Kannermusée PLOMM als Plaz fir Kannerbedeelegung
- kuerz (theoretesch) Impulser
- Reflexioun vun der eegener Roll als Impulsgeber
- Austausch iwwer Erfarunge, Froen an Erausfuerderungen aus der Praxis
- Aarbecht mat konkrete Situatiounen a Fallbeispiller
- Sammlung vun Iddien a méiglechen Handlungszousaz fir déi eegen Ariichtung
- Orientéierung iwwer weider Schrëtt a Verdéiwungsméiglechkeeten
Zousätzlechen Informatiounen
Referentin: Kompetenzlabo - Clara Wolf
Prochaines sessions de formations
-
CJF-10035
- Format
- Formation en présentiel
- Formateur(s)
- Clara Wolf