Kannerbedeelegung? Jo! Awer wéi?

Session du 15/02/2027 au 15/02/2027

S'inscrire
CJF
Identifiant Agence
CJF-10035
Certificat
Cette formation délivre un certificat de participation
Statut
10 %
Ouverte
18 places restantes sur 20
Date de début
15/02/2027
Date de fin
15/02/2027
Type de formation
Formation standard
Langue
Luxembourgeois
Formateurs
Clara Wolf

Pourquoi vous inscrire ?

Inhalt

Kannerbedeelegung ass méi wéi eng pädagogesch Method – et ass eng Haltung, déi sech duerch déi ganz Struktur zitt. Wann Kanner am Alldag wierklech matgestalte sollen, brauch et Fachleit, déi d'Thema matdroen, weiderdenken an an hirer Ariichtung lieweg halen.

Dës Initiatiounsformatioun riicht sech un all Interesséiert aus der Crèche an der Maison Relais, déi d'Thema Kannerbedeelegung an hirer Ariichtung wëlle promovéieren an éischt konkret Schrëtt an déi Richtung goe wëllen. D'Participantë kréien en éischten Abléck an déi zentral Grondgedanke vun der Kannerbedeelegung a reflektéieren, wéi si selwer dozou bäidroe kënnen, dass Participatioun am Alldag an an der pädagogescher Praxis verankert gëtt.

Am Mëttelpunkt steet d'Fro, wat et brauch, fir d'Thema an der eegener Ariichtung unzestoussen: Wéi kann ech Kolleeginnen a Kolleege fir d'Thema begeeschteren an dobäi mat huelen? Wéi eng Roll spillt meng eegen Haltung? Wéi kann ech als Impulsgeber wierken? A wéi kann ech mat den typeschen Erausfuerderungen ëmgoen, déi mat engem Verännerungsprozess verbonne sinn?

D'Formatioun soll virun allem Loscht op d'Thema maachen, éischt Orientéierung bidden an Impulser ginn, fir sech weider mat Kannerbedeelegung auserneenzesetzen. Si kann och en éischte Schrëtt sinn, fir sech méi spéit eventuell als référent pédagogique am Beräich Participatioun weiderzebilden an ze engagéieren.

 

Dëst Evenement enthält och eng pädagogesch Visitt am PLOMM Kannermusée.


Ziler

  • d'Grondiddi an d'Bedeitung vu Kannerbedeelegung fir d'Qualitéit vun der Ariichtung ze verstoen
  • hir eege Roll als Impulsgeber am Kontext vu Bedeelegung ze reflektéieren
  • méiglech Erfolgsfaktoren an Erausfuerderunge bei der Aféierung vu Kannerbedeelegung ze erkennen
  • Iddien z‘entwéckelen, fir Kolleeginnen a Kolleege fir d'Thema ze sensibiliséieren an ze motivéieren
  • éischt Schrëtt ze definéieren, fir d'Thema an hirer Ariichtung ze lancéieren
  • weider Ressourcen a Formatiounsméiglechkeete kennen ze léieren
  • Interessi z‘entwéckelen, sech eventuell méi déif mat der Thematik auserneenzesetzen an eng Roll als référent pédagogique fir Participatioun unzestriewen

Methoden

  • Visitt an Abezéiung vum Kannermusée PLOMM als Plaz fir Kannerbedeelegung
  • kuerz (theoretesch) Impulser
  • Reflexioun vun der eegener Roll als Impulsgeber
  • Austausch iwwer Erfarunge, Froen an Erausfuerderungen aus der Praxis
  • Aarbecht mat konkrete Situatiounen a Fallbeispiller
  • Sammlung vun Iddien a méiglechen Handlungszousaz fir déi eegen Ariichtung
  • Orientéierung iwwer weider Schrëtt a Verdéiwungsméiglechkeeten


Zousätzlechen Informatiounen

Referentin: Kompetenzlabo - Clara Wolf 

Séances de la formation

  1. Séance du 15/02/2027 de 09:00 à 13:00

    Kannermusée Plomm 19, rue Charles Lambert Wiltz 9537