Mat Kanner an d'Gespréich kommen ass keng Hexerei: Kreativ a konkret Methoden fir d'Kommunikatioun am Alldaag vun der Crèche ze stäerken
- Secteurs
- Education non formelle
- Type de formation
- Formation standard
- Format de formation
- Formation en présentiel
- Domaine
- Valeurs, participation et démocratie
- Catégorie
- Non-spécifique
- Durée
- 3.00 h
- Publics cibles
- Personnel encadrant
- Segment d'âge
- Petite enfance
- Langue
- Luxembourgeois
Beschreibung:
Kommunikatioun ass de Schlëssel fir Bezéiung, Vertrauen a Bedeelegung. Wa Kanner sech eescht geholl a verstane fillen, entwéckele si de Courage, hir Meenungen, Wënsch an Iddien anzebréngen. Gläichzäiteg stellt den Alldag Fachkräfte dacks virun d'Erausfuerderung, mat Kanner a Kontakt ze kommen, déi sech nach net direkt verbal ausdrécken oder net spontan d'Gespréich sichen.
Dës Formatioun setzt sech mat der eegener dialogescher Haltung auserneen a vermëttelt kreativ, spilleresch a praktesch Methoden, déi Kanner dozou invitéieren, sech matzedeelen. D'Participante léieren verschidde Kommunikatiounsformen kennen a probéieren dës direkt aus.
Methoden:
- kuerz fachlech Impulser
- Selbstreflexioun zur eegener Haltung a Kommunikatioun
- praktescht Ausprobéiere vu Kommunikatiounsmethoden
- Austausch iwwer Praxiserfarungen
- Analyse vu konkrete Situatiounen aus dem Alldag
- Sammlung vu Methoden an Instrumenter fir den direkte Praxistransfer
Ziele:
- d'Bedeitung vun Dialog an aktivem Nolauschteren fir d'pädagogesch Praxis kennen
- d’ eege Kommunikatiounshaltung reflektéieren
- verschidde kreativ Kommunikatiounsmethoden kennen an uwenden
- Kanner am Alldag beim Ausdrécke vun hire Gedanken, Gefiller an Iddie begleeden ze kennen
- Kommunikatioun als Grondlag fir Bezéiung a Bedeelegung bewosst notzen
Prochaines sessions de formations
-
EF-2027-10102
- Format
- Formation en présentiel
- Formateur(s)
- PLOMM - Wolf Clara