Mat Kanner an d'Gespréich kommen ass keng Hexerei: Kreativ a konkret Methoden fir d'Kommunikatioun am Alldaag vun der Crèche ze stäerken

Session du 16/11/2027 au 16/11/2027

S'inscrire
ELISABETH
Identifiant Agence
EF-2027-10102
Certificat
Cette formation délivre un certificat de participation
Statut
0 %
Ouverte
18 places restantes sur 18
Date de début
16/11/2027
Date de fin
16/11/2027
Type de formation
Formation standard
Langue
Luxembourgeois
Formateurs
PLOMM - Wolf Clara - Educatrice Graduée/Assistante Sociale (B.A.), Universitéit Lëtzebuerg Formatrice & Prozessbegleedung rënderëm d‘ Thema Kannerbedeelegung Beruffserfarung: säit iwwer 10 Joer am Sekteur vun der nonformaler Bildung (Leedung vun enger SEA-Strukur, Konzeptioun a Berodung am Beräich vun der Formatioun Continue), wéi och wärend 2 Joer an der Jugend- a Familljen-Hëllef.

Pourquoi vous inscrire ?

Beschreibung:

Kommunikatioun ass de Schlëssel fir Bezéiung, Vertrauen a Bedeelegung. Wa Kanner sech eescht geholl a verstane fillen, entwéckele si de Courage, hir Meenungen, Wënsch an Iddien anzebréngen. Gläichzäiteg stellt den Alldag Fachkräfte dacks virun d'Erausfuerderung, mat Kanner a Kontakt ze kommen, déi sech nach net direkt verbal ausdrécken oder net spontan d'Gespréich sichen.

Dës Formatioun setzt sech mat der eegener dialogescher Haltung auserneen a vermëttelt kreativ, spilleresch a praktesch Methoden, déi Kanner dozou invitéieren, sech matzedeelen. D'Participante léieren verschidde Kommunikatiounsformen kennen a probéieren dës direkt aus.

Methoden:

  • kuerz fachlech Impulser
  • Selbstreflexioun zur eegener Haltung a Kommunikatioun
  • praktescht Ausprobéiere vu Kommunikatiounsmethoden
  • Austausch iwwer Praxiserfarungen
  • Analyse vu konkrete Situatiounen aus dem Alldag
  • Sammlung vu Methoden an Instrumenter fir den direkte Praxistransfer

Ziele:

  • d'Bedeitung vun Dialog an aktivem Nolauschteren fir d'pädagogesch Praxis kennen
  • d’ eege Kommunikatiounshaltung reflektéieren
  • verschidde kreativ Kommunikatiounsmethoden kennen an uwenden
  • Kanner am Alldag beim Ausdrécke vun hire Gedanken, Gefiller an Iddie begleeden ze kennen
  • Kommunikatioun als Grondlag fir Bezéiung a Bedeelegung bewosst notzen

 

Séances de la formation

  1. Séance du 16/11/2027 de 09:00 à 12:00

    Elisabeth Formeiert - Anne asbl, 121, avenue de la Faïencerie, L-1511, Luxembourg, LU